Fête-Dieu
La Basilique est le signe de la présence de Dieu parmi les hommes.

ACTUALITÉS
Retour

Fête-Dieu

31/05/2026

Sonndes den 7. Juni feiere mir um 9.00 Auer d’Mass an der Basilika.

Duerno geet d’Prëssessioun dee selwechte Wee, wéi déi läscht Joeren.
De sakramentale Segen ass bei den Altär vum Dechenshaus (rue de la Montagne), um Moart (Place du Marché), bei der aler Jugendherberg (rue André Duchscher) an an der Basilika, wou den Ofschloss ass.

Opstellung

Massendénger mam Kräiz, Harmonie municipale, d’portugiesesch Kommunotéit, d’Statue vun der Tréischterin, d’Schoul-an d’Kommuniounskanner, Massendénger, dat Allerhellegst, Basilika-Chouer an d’Leit alleguer. D’Kommuniounskanner vun de Gemengen Bech, Befort, Berdorf, Consdorf, Iechternach a Lënster sinn invitéiert matzefeieren. Si kommen mat hirer Famill an hire Frënn an d’Mass a ginn duerno mat an der Prëssessioun.

10 DSC 2288 copie
Skip to content