Fest von Fronleichnam
Fronleichnam
Sonndes den 22. Juni feiere mir um 9.00 Auer d’Mass an der Basilika.
Duerno geet d’Prëssessioun dee selwechte Wee, wéi déi läscht Joeren. De sakramentale Segen ass bei den Altär vum Dechenshaus (rue de la Montagne), um Moart (Place du Marché), bei der aler Jugendherberg (rue André Duchscher) an an der Basilika, wou den Ofschloss ass.
Opstellung
Massendénger mam Kräiz, Harmonie municipale, d’portugiesesch Kommunotéit, d’Statue vun der Tréischterin, d’Schoul-an d’Kommuniounskanner, Massendénger, dat Allerhellegst, Basilika-Chouer an d’Leit alleguer.
D’Kommuniounskanner vun de Gemengen Bech, Befort, Berdorf, Consdorf, Iechternach a Lënster sinn invitéiert matzefeieren. Si kommen mat hirer Famill an hire Frënn an d’Mass a ginn duerno mat an der Prëssessioun.
Keng Massen um 10.30 an um 18.30 Auer!